czfrluen
Masáže Body Terapie

Homepage » BODY Prozedur » Iplikator Kuznetsova » Anleitung

Iplikator vum Kuznetsov - Gebrauchsanweisung

Den Iplicator op déi Plaz setzen,wou et wéi deet.Da mat den Hänn während 40 bis 60 Sekonnen, andeems een all 10 Sekonnen den Drock erhéicht, esou laang drécke bis een e Wéi spiert, deen auszehalen ass. De Patient beweegt während där Zäit déi Muskelen, déi wéi dinn. D'Spanen an d'Entspane vun de Muskelen droen duerzou bäi den Effet vum Iplicator ze verbesseren. (Wann een den Apparat fir d'Lendegéigend hëlt,ass et gutt,wann ee vun engem Fouss op deen aneren trëppelt). Et soll een den Iplicator esou laang uwende bis de Wéi komplett verschwonnen ass. Et kann een den Iplicator och iwwert eng länger Zäit droen, an et kann een en da mat engem elastesche Band, engem Rimm oder engem Handduch festmaachen. Fir den Traitement vun de Gelenker soll een den Iplicator säitlech droe fir datt d'Spëtze vum Apparat net op de „Système neurovasculaire" ( an der Knéikailchen, ënnert den Äerm.an de Leeschten, am Ielebou) drécken, mat engem elastesche Band festmaachen a während 30-45 Minutten net ze fest widdert de Kierper drécken.

 Fir d'Knéigelenk

Probéiert lues ze goen oder, wann Dir sëtzt, de Knéi e puermol ze béien an ze strecken. Verschidde Modeller (B1,B2,B4,B5 ) kënne fir de Knéi geholl ginn. Wann een zur selwechter Zäit e klengen Iplicator fir de Knéi an e grousse fir d'Wierbelsail (sech 30 Minutten drop leeën )gebraucht, gëtt doduerch net nëmmen de Wéi vun de Gelenker erliichtert, mä de Gesamtzoustand vum Patient gëtt och verbessert.

 Fir d'Fousssuel

Bekanntlech ass d'Fousssuel ganz empfindlech, do si ganz vill aktiv Zonen. Et soll ee sech op e Stull setzen, a mat der Suel op den Iplicator, deen um Buedem steet, drécken. Et gëtt virgeschloen zwee kleng Iplicatore vum Type A2 ze gebrauchen.

 Bei Kappwéi

Et soll een den Iplicator hannen am Hals opsetzen, da lues iwwert d'Nuque bis uewen op de Kapp fueren an dobäi-ëmmer an der Limite vum Wéi-en Drock ausübe während 4-5 Minutten. Zur gläicher Zäit soll een all 40 bis 60 Sekonnen d'Positioun vun de Spëtzen änneren, awer oppassen, datt d'Haut net beschiedegt gëtt. Et soll een esoulaang mat der Uwendung weiderfuere bis de Wéi entweder komplett oder maximal verschwonnen ass.Bei Kappwéi eegene sech am beschten d'Iplicatore vum Type A1 an A2.

 Bei Péng vun der Wierbelsail oder bei Schlooflosegkeet

An dëse Fäll gëtt geroden déi grouss Iplicatoren D1,D2,D4,D5,D6  ze gebrauchen. Leet den Iplicator op eng mëll Fläch (Bett, Matraz) a leet Iech während 1-2 Stonnen drop, je nodeem wéi et Äre Gesondheetszoustand verlaangt. (Dir kënnt den Iplicator och an de Réck vun enger mëller Fotell leeën,dann ass den Drock net esou grouss.) Déi grouss Iplicatore musse bis zu 20% vun hirem Volume opgeblose ginn.

 Ostéochondrite vertébrale

Den Iplicator muss den Hals (hannen) an d'Nuque bedecken. Bei der Behandlung vun der Lendegéigend, muss de Coccyx zougedeckt ginn. Fir „ d'Ostéochondrose vertébrale" hëlt een e klengen Iplicator vum Type A1,A2,A3. Als Zousaz kann een eventuell,um Niveau vun den Halswierbelen, e klengen, opbloosbaren Iplicator vum Type E1 oder E2 huelen, deen zur Hallschend opgeblosen ass.

 Chronesch Ostéochondrose a Schlooflosegkeet

Mir recommandéieren den Iplicator regelméisseg während 15-20 Deeg virum Schlofegoen ze benotzen. No dëser Periode ass et wichteg 1 Mount eng Paus anzeleeë fir den Effet vum Traitement net ze schwächen. Wann Dir Iech op e groussen Iplicator leet, spiert Dir d'Spëtze just an deenen 3 éischte Minutten, duerno spiert Dir eng agreabel Wäermt an Entspanung, déi während där ganzer Uwendung unhält.Et ass normal, datt d'Haut rout gëtt. Bei enger chronescher „Ostéochondrose" verschwënnt de Wéi net direkt, mä eréischt no 10 bis 15 Uwendungen. De Gebrauch vum Iplicator zesumme mat deene klassesche Traitements-Methode bewiekt e gutt Resultat.

 Géigen-Indikatiounen

Hautkrankheeten, gutt a béisaarteg Tumeuren, Papillomen, Lipomen,Schéiheetsflecken, Thrombophlébiten-an alle Fäll,wa se op där Plaz sinn, wou den Iplicator soll ugewannt ginn. Bei grousse Schéinheetsflecken oder Waarzen,kann een d'Spëtze vum Tapis erofhuelen oder op déi betreffend Hautplaz eng Plooschter maachen.

 Desinfizéieren

Fir ze desinfizéieren, kann een déi gewéinlech Desinfektiounsmëttelen huelen (mat enger Biischt wäschen). Déi opbloosbar an duerchsichteg Iplicatore kann een ënnert dem Krunn mat woodlechem Waasser wäschen.

Bemierkung

All Spëtz,déi lassgaang ass, soll op derselwechter Plaz ugepecht oder ugebutt ginn.

 Opgepasst!

Frot ëmmer Ären Dokter, ob den Iplicator fir Iech a Fro kënnt. Aus hygienesche Grënn däerf den Iplicator ëmmer nëmme fir ee Patient geholl ginn.

 


 

 

clear float
back to top
clear float
clear float